Justiz

Fra an der Groussgaass ugegraff - Parquet ermëttelt ë.a. wéinst versichtem Doudschlag

An der Stad gouf eng Fra e Méindeg an der Groussgaass vun engem Mann ugegraff. D‘Police huet e Verdächtege festgeholl. Eng Enquête wéinst Vergewaltegung, versichtem Doudschlag, sexueller Aggressioun, Kierperverletzung a Vol gouf opgemaach.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Hendrik Schmidt
(Foto: picture alliance/dpa | Hendrik Schmidt)

Dat huet de Parquet de Mëtteg an engem Communiqué gemellt. 

Beim Verdächtegen, deen an Untersuchungshaft koum, géif et sech ëm e Mann vu 40 Joer vu polnescher Nationalitéit handelen.

Fra krut keng Hëllef vu Passanten

Éischten Elementer vun der Enquête no, wier d‘Fra géint zwou Auer nuets um Wee heem an der Groussgaass vun engem Mann aggresséiert ginn. Si hätt sech befreien a fortlafe kënnen. Si hätt du Leit gesinn an déi ëm Hëllef gefrot, mee keng Hëllef kritt.

D‘Fra hätt awer dunn eng Police-Patrull begéint, an d‘Police konnt duerno ee Verdächtege festhuelen. 

D‘Enquête fir déi genee Ëmstänn ze klären ass ënnert der Leedung vun engem Untersuchungsriichter a geet virun.

De Parquet schwätzt a sengem Schreiwes vu besonnesch grave Faiten. Et gëllt d‘Présomption d‘Innocence.