D'Autoritéite rechnen domat, datt haut uechter d'Land tëschent 60.000 an 110.000 Persounen op d'Stroosse ginn. Iwwer 500 Aktioune solle geplangt sinn, an 90 Maniffe sinn dem Inneministère no amgaang, sech ze forméieren.
Den Inneminister Laurent Nuñez hat gëschter e Bréif un d'Prefekte geschéckt a si opgefuerdert, bei Blockagë vu strategesche Punkten, wéi Peagen, wichtege Stroossen oder Gebaier, systematesch duerchzegräifen, fir dës nees fräizekréien.
Méi Motivatioune fir ze protestéieren
Ugefaangen hat dësen Aktiounsdag als Protest géint déi héich Liewenskäschten. D'Gilets jaunes hunn doropshin dozou opgeruff, sech un den Aktiounen ze bedeelegen. D'Schüler- a Studentemobilisatioun, déi zënter Woche fir besser Konditiounen an de Schoulen op d'Stroosse geet, hat lescht Woch decidéiert, sech dësem Protest och unzeschléissen.
D'Autoritéite schwätze vun enger komplizéierter Situatioun, well hei ganz verschidde Gruppéierungen aus ënnerschiddlechen Ursaache manifestéieren.
Mat Ausschreidunge gëtt gerechent
Well de Protestdag insgesamt en Ausdrock vun enger allgemenger Roserei a Frustratioun ass, ginn d'Autoritéiten och dovun aus, datt et haut zu Ausschreidunge kënnt. De President Emmanuel Macron hat gëschter op enger Pressekonferenz dozou opgeruff, datt de Protest friddlech bleift.
D'Regierung plangt iwwerdeems fir haut zwou Krisesëtzungen, fir d'Situatioun ze analyséieren an am Fall vu Gewalt ze reagéieren.