Wann et misst sinn, kéint den Etat d‘urgence ausgeruff ginn, esou de franséische Premier Sebastien Lecornu
Eng weider Mesure wier, dass d‘Geschäfter, déi betraff sinn, déi also bei de Protester beschiedegt goufen, Chômage partiel kënnen ufroen. Hien huet och e spezifesche Fong ugekënnegt, fir deenen ze hëllefen.
EU verurteelt Gewalt warnt awer viru Restriktioune
D’EU huet haut d’Gewalt bei de Protester a Frankräich inacceptabel genannt. An engems ass awer och dozou opgeruff ginn, d’Recht fir friddlech ze manifestéieren, ze schützen.
E Spriecher vun der EU-Kommissioun huet d’Brandstëftungen, d’Plëmme vu Butteker an Attacken op ëffentlech Gebaier verurteelt: Et dierft ee friddlech Manifestanten awer net mat Leit, déi op Gewalt zréckgräifen, an een Dëppe geheien.
De franséische Premier huet déi radikal Lénk dofir responsabel gemaat, datt d‘Protester esou ausgeaart sinn. Si wéilten d‘Land, virun de Presidentiellen, d‘nächst Joer, splécken an an de Chaos stierzen.
Grouss Protester de Weekend
Eng 550.000 Demonstrante waren e Samschdeg a Frankräich op d‘Stroosse gaange fir gréisstendeels friddlech Protester géint déi héich Liewenskäschten an vernoléissegt ëffentlech Servicer, dorënner d‘Schoulen.
De President huet betount: Et misst en Ënnerscheed gemaach ginn, tëscht de legitimme Fuerderunge vun den Demonstranten, an deenen, déi zerstéieren.
Bei de Protester goufen dem Inneministère no 2.400 Leit festgeholl
D‘Aktioune vun der Police géifen a voller Transparenz ënnersicht ginn, esou nach de franséische President Emmanuel Macron.
Och gëschter koum et awer am Zentrum vu Paräis an och zu Lyon zu weideren Zesummestéiss mat der Police.
De President Macron hat sech um Sonndeg den Owend zu Wuert gemellt
Den Emmanuel Macron huet och zur Rou opgeruff. An enger nationaler Usprooch um Sonndeg den Owend sot hien, déi Responsabel géifen zur Rechenschaft gezu ginn. Eventuell kéinte verschidden Demonstratiounen an Zukunft verbuede ginn, esou nach de franséische President.
Hien huet och gesot et misst ee sech fir dës Zeene schummen. Déi franséich Regierung wëll d’Evenementer vu virgëschter opschaffen a konkret Äntwerte kréien, wéi et esou wäit konnt kommen. Och huet de Macron betount, et misst een tëschent friddleche Manifestatiounen a gewaltsame Gruppéierungen, déi zerstéiere wëllen, ënnerscheeden.
De Premier Sébastien Lecornu kënnt an den nächsten Deeg mat de politesche Parteien, de Gewerkschaften an de Schüler- a Studenteverbänn zesummen, fir gemeinsam eng Léisung ze fannen.
Dem Macron seng Usprooch gouf vu ville Säite kritiséiert, well hien dobäi keng konkret Mesurë genannt huet. D’Marine Le Pen vum rietsextreme Rassemblement National sot, d’Regierung hätt d’Kontroll verluer an dës Protester wieren eng Gefor fir d’Demokratie.
President refuséiert Demissioun vum Inneminister
No de Protester a Frankräich an der Gewalt bei de Manifestatiounen huet de franséischen Inneminister Laurent Nuñez seng Demissioun agereecht. Säi Récktrëtt gouf awer vum President Emmanuel Macron ofgeleent, mellen de Moie franséische Medien.