Gesondheetssecteur

Sträit tëschent CNS an AMMD: Patientevertriedung géint Liberaliséierung vum System

D‘Patientevertriedung mellt sech zu Wuert am Sträit ëm d‘Konventioun tëschent der CNS an der AMMD. De Gesondheetssystem misst moderniséiert ginn, esou d‘Patientevertriedung, mee si ass awer géint eng Liberaliséierung vum System.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Klaus-Dietmar Gabbert
(Foto: picture alliance/dpa | Klaus-Dietmar Gabbert)

Bei all Reform misst och ëmmer de Patient am Mëttelpunkt stoen. D‘Zil misst ganz kloer sinn, datt all Mënsch déi Soine kréich, déi e bräicht.

Bei den Diskussiounen dierft et och net nëmmen ëm Tariffer goen, esou d‘Patientevertriedung an hirem Communiqué. Bei der Reform misst ëmmer déi global Organisatioun vum Gesondheetssystem am A behale ginn.