Wärend d'Donnerwiederen op Kreta sech esou lues berouegen, zéien d'Autoritéiten en éischte Bilan. Op der Insel an um ägäesche Mier ronderëm d'Insel ware bannent 24 Stonne ronn 22.000 Blëtzer gezielt ginn.
Op der beléiften Touristeninsel si grouss Deeler vun de landwirtschaftleche Flächen zerstéiert ginn. Vill Stroosse si vun de grousse Waassermassen ënnerspullt ginn an Haiser goufen zum Deel beschiedegt. Op ville Plazen ass och de Stroum ausgefall.
Däitsch Fra vu Blëtz getraff a gestuerwen
Meteorologe vu Rethymno - enger Hafestad op Kreta - no wiere bis zu 500 Liter Reen op de Meterkaree gefall.
Op der Insel Rhodos war e Freideg schonn eng däitsch Touristin vun engem Blëtz getraff an ass dono gestuerwen. Och op Rhodos rechnen déi staatlech Meteosservicer domat, dass d'Situatioun sech an de nächste Stonnen entspaant.
Schwéier Donnerwiederen och a Spuenien
A Spuenie goufe virun allem d'Regioun Katalounien an d'Baskeland vu schwéieren Donnerwieder a vill Ree getraff. Zum Deel stounge ganz Stroossen ënner Waasser. D'Pompjeeë waren dauernd am Asaz wéinst iwwerschwemmte Kellere, Wunnengen oder Beem déi an d'Strooss gefall sinn.
Schonn zënter Deeg kënnt et a verschiddene Regioune vu Spuenien ëmmer nees zu Deels heftegem Reen. Spuenesch Medien hunn eestëmmeg bericht, datt eng 102 Joer al Fra e Samschdeg an hirem Haus erdronk wier.