Lëtzebuerg wier amgaangen un enger Anti-Korruptiounsstrategie ze schaffen. Dorop weist de Justizministère op Nofro hin, nodeems de Greco, d’Anti-Korruptiounsorgan vum Europarot, de Grand-Duché a sengem jéngste Rapport dofir kritiséiert hat, bis ewell keng esou eng national Strategie ze hunn.
Nodeems d’Europäesch Unioun am Abrëll déi entspriechend Anti-Korruptiounsdirektiv gestëmmt hat, ass elo all Land obligéiert an deem Sënn ze handelen.
Gesetzleche Kader zu Lëtzebuerg "global zefriddestellend"
A senger Reaktioun op de jéngste Greco-Rapport ënnersträicht de Ministère, datt de gesetzleche Kader um nationalen Niveau och haut scho ganz robust wier. Lëtzebuerg hätt an deene leschte Jore schonns eng Rei Reformen a Mesuren en place gesat fir de Greco-Recommandatiounen nozekommen.
Effektiv bezeechent de Greco de gesetzleche Kader zu Lëtzebuerg a sengem Rapport als "global zefriddestellend", fënnt awer, datt et bei der Ëmsetzung nach Verbesserunge misst ginn.
Korruptiounspreventioun misst gestäerkt ginn
Ee Punkt, deen am Greco-Rapport kritiséiert gëtt, ass zum Beispill, datt et zu Lëtzebuerg keng onofhängeg Autoritéit fir Korruptiounspreventioun gëtt. Zwar existéiert e Comité de prévention de la corruption. Dësen hätt allerdéngs just eng berodent Funktioun, esou de Greco.
De Justizministère erkläert dozou, datt d’Missioune vun dësem Comité ganz villfälteg wieren. Eng eventuell Upassung vu sengem Rôle a sengen Aufgabe géif awer am Kader vun der Ëmsetzung vun der EU-Direktiv analyséiert ginn.
Diddeleng an d'Stad Lëtzebuerg am Fokus
D'Prioritéit vum aktuelle Greco-Rapport läit manner um nationalen, mee an éischter Linn um infranationalen Niveau. Domat sinn d’Gemenge gemengt.
Deemno huet de Greco sech d’Situatioun an zwou grousse Gemengen am Land méi genee ugekuckt: der Stad Lëtzebuerg an Diddeleng. Si hate sech fräiwëlleg gemellt, fir bei dëser Evaluatioun matzemaachen.
De Greco hält a senge Conclusioune fest, datt op kommunalem Niveau nach vill Handlungsbedarf besteet. Esou gëtt monéiert, datt et zu Lëtzebuerg un deontologesche Reegele fir Kommunalpolitiker:inne géif feelen. Et wier zum Beispill net kloer gereegelt, wéi Kommunalpolitiker mat Kaddoen ëmzegoen hunn. An och bei méiglechen Interessekonflikter géifen eng ganz Partie Floue bestoen.
Gesetzesprojet fir deontologesch Prinzippie ass um Instanzewee
Hei gëllt et unzemierken, datt en entspriechende Gesetzesprojet am Joer 2022 vun der deemoleger Innenministesch Taina Bofferding agereecht gouf a sech zënterhier um Instanzewee befënnt. Dëse gesäit eng Rei deontologesch Prinzippie fir Gemengerotsmembere vir, wat am Greco-Rapport ausdrécklech begréisst gëtt.
E Code de conduite fir Gemengebeamten an d’Fonction publique wier awer bis ewell net virgesinn. An dat wier eng “Lacune indéniable”, op déi schonn 2004 an 2018 higewise gi wier, heescht et am Greco-Rapport.
Esou ee Code géif zum Beispill den Ëmgang mat Kaddoen, d’Verhale bei Interessekonflikter, de Kontakt mat Lobbyisten oder den Ëmgang mat confidentiellen Informatioune reegelen.
Antikorruptiounsdirektiv muss bis 2028 ëmgesat ginn
Lëtzebuerg ass elo opgeruff, dem Greco bis Enn 2027 e Rapport mat weidere Mesuren ofzeginn, déi een ergräife wëllt, fir de Recommandatiounen nozekommen.
Fir d’Antikorruptiounsdirektiv vun der EU op nationalem Niveau ëmzesetzen, hunn d’Memberstaaten iwwerdeems bis den 1. Juni 2028 Zäit.