Aus dem Rapport war ervirgaangen, dass d'Situatioun a puncto Rechtsstaatlechkeet net an allen EU-Memberlänner selwecht ass. Wat Lëtzebuerg ugeet, sot de Michael McGrath, datt nei Initiativen an d'Liewe geruff gi wiere fir de Besoin no Personal an der Justiz ze decken.
"Och ginn de Moment Pläng fir en neit Geriicht fir Verwaltungsaffären ausgeschafft. Mir hoffen, dass déi am Ufank vum Joer ageleeten national Bewäertung vu Korruptiounsrisike geschwënn zur Adoptioun vun der 1. lëtzebuergescher Strategie fir d’Korruptiounsbekämpfung féiert."
Rechtsstaatlechkeet ass keng Selbstverständlechkeet
Zu Lëtzebuerg wier d’Unzuel u Leit an den Organisme vun der Lutte géint d’Korruptioun däitlech erop gaangen.
"Zu Lëtzebuerg huet d’Regierung och Moossnamen ergraff, fir d’Sécherheet an de Schutz vu Journalisten ze stäerken, virun allem am Kader vum nationalen Aktiounsplang 2025 bis 2028 iwwert d’Sécherheet vu Journalisten.”
Den EU-Justizkommissär huet nach betount, dass d’Rechtsstaatlechkeet keng Selbstverständlechkeet wär, mee an all EU-Memberland misst verdeedegt ginn. Dat wär eis Verantwortung.