Frankräich

Premier Sebastien Lecornu kënnegt Hëllefsmesuren no de grousse Bëschbränn un

De franséische Staat soll ënnert anerem der Gironde mat 10 Milliounen Euro, an dem Departemente Landes mat 2 Milliounen Euro, ënnert d‘Äerm gräifen. Dat sot de Sebastien Lecornu bei engem Deplacement zesumme mat e puer Minister an der Gironde. D'Regierungsvertrieder waren hei awer net gär gesinn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© EPA/ALAIN JOCARD / POOL MAXPPP OUT play_arrow
(Foto: EPA/ALAIN JOCARD / POOL MAXPPP OUT)

D‘Käschte fir Hëllefsmoossname kéinten iwwerdeems op iwwer honnert Milliounen Euro klammen, schätzt de franséische Premier. Déi Hëllefe wiere vun elo direkt un disponibel. 

Beim risege Bëschbrand an der Gironde goufe ronn 42.000 Hektar zerstéiert, also bal d’Hallschent vun der gesamter Bëschfläch zu Lëtzebuerg.

Lecornu gouf mat vill Kritik empfaangen

Zesumme mat sechs Minister:innen ass de Sébastien Lecornu zënter gëschter an der Gironde, fir mat de lokalen Autoritéiten den Neiopbau ze plangen. 

De Premier gouf bei senger Visitt vu verschiddene Bewunner:innen ausgebuut. Dat well hien elo réischt an d'Gironde gereest ass, an och elo réischt Hëllef an Aussiicht stellt. 

De Lecornu sot, d’Roserei wier verständlech, et misst een awer verstänneg bleiwen. Et géinge vill Falschinformatiounen zirkuléieren. D’Regierung hätt awer näischt ze verstoppen. 

Neiopbau a Preventioun

Den Hëllefspak vu ronn 10 Milliounen Euro soll beim Neiopbau, ma och bei der Preventioun zum Asaz kommen. Déi betraffen Entreprise solle mat steierleche Virdeeler ënnerstëtzt ginn.

Fir déi Persounen, déi hir Haiser verluer hunn, versprécht de Lecornu, datt een d’Bürokratie minimiséiere wëll. Bannent engem Mount solle Baugeneemegunge fir den Neiopbau disponibel sinn.

"De Staat géif d'Assurance soss bloussstellen"

De franséische Premier Sebastien Lecornu huet och d'Assureure gewarnt, an si opgefuerdert hirer Verantwortung nozekommen. Et géif een déi mam Numm nennen, déi sech net un d‘Spillreegelen halen.

D’Staatlech Investitiounsbank gesäit och e Fong vun 30 Milliounen Euro vir, dee beim Opbau soll hëllefen.

 

Lauschterenplay_arrow