Tourismus

Rekordzuele bei de Camping-Vakanzen dës Saison zu Lëtzebuerg

De Campingssecteur ass dee Beräich am Tourismus, deen dëst Joer zu Lëtzebuerg am stäerkste gewuess ass. Dat geet aus dem virleefegen Tourismusbilan ervir, deen de Wirtschafts- an Tourismusminister Lex Delles de Moie presentéiert huet.

auto_stories

2 min

© EPA/ROBIN VAN LONKHUIJSEN
(Foto: EPA/ROBIN VAN LONKHUIJSEN)

Ronn 914.000 Iwwernuechtunge goufen dëst Joer op de Lëtzebuerger Campinge gezielt. Dat si ronn 13 Prozent méi ewéi am Verglach mam leschte Joer.

D’Hoteller an d’Jugendherbergen hunn dogéint liicht manner Iwwernuechtunge verzeechent wéi am selwechten Zäitraum d'Joer virdrun. 

Ëmmer méi Leit wëllen an d'Natur 

Fir de Lex Delles wier ee Grond fir de positiven Trend bei de Campingen, datt d'Aktivitéiten an der Natur ëmmer méi beléift ginn an a ganz Europa Campen ëmmer méi zum Trend gëtt. 

,,Et muss ee soen, dass d'Tendenz am Tourismus ganz vill och dohinner geet, fir d'Natur ze erliewen, datt vill Leit sech wëlle mat der Natur reconnectéieren an, datt einfach dee Marché och eng ganz grouss Croissance huet."

A ganz Europa géif een an de Statistike gesinn, datt "Caravanning" ganz staark klëmmt. Et kéimen och ëmmer nei Produiten op de Marché, beispillsweis Zelter, déi een um Daach vun engem Auto installéiere kann.

"Dat huet en enorme Boom a ganz Europa. Dat bréngt och  mat sech, datt d'Zuelen op de Campingen doduercher klammen.”

Net méi just Dagestourismus

Tëschent Januar a Juli dëst Joer sinn insgesamt 3 Prozent méi Touristen op Lëtzebuerg komm ewéi am selwechten Zäitraum lescht Joer. Ëmmer méi Touriste bleiwen och wéi d'Zuele weisen. D'Iwwernuechtunge si par rapport zum selwechten Zäitraum d'lescht Joer ëm 6 Prozent geklommen. 

Fir 2027 wëll den DP-Politiker de Fokus op de Wäintourismus leeën.

Text vum Ella Malano