Beim Spuetestéch war och den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles präsent.
Mëttlerweil méi Päck wéi Bréiwer
D’Post misst sech upassen. Zënter Jore ginn ëmmer manner Bréiwer verschéckt an den E-Commerce mat Päck geet an d’Luucht.
De Centre de Tri deen 2006 gebaut gouf war komplett op Bréiwer ausgeluecht. Deen Deel géif elo ugepasst ginn andeems d’Maschinne géifen erneiert gi fir méi Plaz ze schafen. Déi gewonne Fläch notzt een da fir d’Logistik ëm d’Colisen auszebauen. Dat wier d’Zukunft, erkläert den Direkter vun der Post Courrier Mario Treinen.
"An dofir hu mer am Fong eng ganz Investitioun un deem do Beräich gemaach. (...) Mir probéiere coûte que coûte d'Bréifpost an d'Colis an d'Logistik net ze trennen, well mer gesinn, datt am Fong déi Effizienz, déi mer do gewannen, awer ausschlaggebend ass."
Et hätt ee sech fir Beetebuerg decidéiert, well dat e wichtege Site wier, esou nach de Mario Treinen.
80 Milliounen Euro soll de Projet kaschten
Nieft dëse Moderniséierungs- a Renovatiounsaarbechte soll direkt un de bestoende Zenter en neit Gebai dru gebaut ginn. Tëschent 2027 an 2028 soll eng Logistikhal vun 20.000 Meterkaree fäerdeg sinn. Dat huet och säi Präis.
"Mir hu budgetéiert eng ronn 80 Milliounen Euro. 20 Milliounen ass wierklech d'Infrastruktur selwer vun der Zortéiermaschinn. Do musse mer dobäi och soen, well mer och e groussen Deel vun deem existéierenden Trie notzen, hu mer do d'Käschten och nach méi déif kënnen halen. An do war et och wierklech fir eis wichteg, datt mer deen existéierende Bestand, dee mer hunn, och sou effizient wéi méiglech benotzen."
Den Zäitplang gesäit folgendermoossen aus.
“Dat ass déi éischt Phas an da wäerte mer 2027 déi nei Zortéiermaschinn fir d'Päck starten. An da ginn 2027-28 ongeféier 20.000 Meterkaree Logistikhal gebaut."
Lex Delles: "Projet ass wichteg fir d'Bestoe vun der Post"
Mat dem grousse Wiessel um Marché fort vu Bréiwer hin zu de Päck, wier de ganze Projet wichteg fir d’Bestoe vun der Post, esou den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles. Net nëmmen d’Investissementer an d’Infrastruktur géifen hei eng Roll spillen, erkläert de Lex Delles.
"Och an d'Digitalisatioun an och d'Kënschtlech Intelligenz gëtt hei mat genotzt, fir kënnen zum Beispill ze analyséiere wéi eng Schrëft op engem Bréif ass. Haut si verschidde Bréiwer, déi mussen zweemol, dräimol duerch d'Maschinn goen, mussen nach individuell, manuell traitéiert ginn."
Dat géif de Moment am Kader vun engem Projet tëscht der Post an dem LIST ausgeschafft gi fir kënschtlech Intelligenz an der Logistik ze notzen. Dës soll de Mënsch awer net ersetzen, mee hëllefe Prozesser méi einfach ze maachen, esou nach de Mario Treinen.