Dës Zuelen huet d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg de Mëtteg virun der Press presentéiert.
Virop Gold a Kotteng
Besonnesch staark zougeluecht huet de Fairtrade-Marché hei am Land beim Gold a beim Kotteng. Den Ëmsaz bei Fairtrade-Gold huet sech d’lescht Joer fënneffacht. Dat virun allem well eng Bank sech dozou entscheet huet e grousse Schrëtt ze maachen, wéi de Jean-Louis Zeien erkläert:
"Do hunn am leschte Joer Venten sech hei zu Lëtzebuerg carrement verfënneffacht. Mir hu véier Acteuren hei. Do ass eng grouss Bank dobäi. Dat ass d'Spuerkeess. An eng klenger Bank och. An zwee Bijoutieren."
An der Haaptsaach d'Spuerkeess hätt de weesentlechen Deel dozou bäigedroen.
"Déi decidéiert hu fir ab 2025 exklusiv just nach Fairtrade Gold ze verdreiwe vu 15 Gramm, wou een also keng aner méi wäert kréien."
Fir de Jean-Louis Zeyen ass dat eng strateegesch wichteg Decisioun gewiescht.