D‘Lëtzebuerg Regierung schafft den Ament un der Ëmsetzung vun der EU-Direktiv fir d‘Plattformaarbecht.
Marc Baum gesäit Gefor fir ganzt Aarbechtsrecht
déi Lénk hunn eng eege Gesetzespropos doriwwer ausgeschafft. Wéi de Marc Baum betount, wier et essentiel, d‘Leit, déi fir Plattforme schaffen, mat de néidege gesetzlechen Ofsécherungen ze encadréieren.
"Si gi vun deene Plattforme bezuelt. Et sinn d'Plattformen, déi d'Aarbecht definéieren. Et si Plattformen, déi Aarbechts-a Rouzäiten definéieren, déi den Accès zu de Plattformen definéieren, déi d'Aarbecht kontrolléieren. Alles dat, wat op e Lien de subordination, wéi mir e vun engem Salariatsverhältnis kennen, ass bei de Plattforme ginn. Just déi Leit hu kee Choix, fir kënne Salarié ze ginn."
Plattformaarbecht wier een trojanescht Päerd, seet de Marc Baum, well déi Praxis kéint sech verbreeden. Als Beispill nennt hie Botz-Servicer.
"Wann dat do elo Schoul mécht, datt an Zukunft esou Aarbechte just nach iwwer Plattforme gemaach ginn, an datt déi Leit dann och independent sech musse mellen. An dat ass eng riseg Gefor fir d'Struktur vun eisem Aarbechtsrecht an domadder natierlech och eng riseg Gefor fir d'sozial Kohäsioun vun eisem Land."
D'Gefor géif fir d'ganzt Aarbechtsrecht gëllen, esou de Marc Baum.
Hie gëtt iwwerdeems ze bedenken, datt déi betraffe Leit dacks Migratiounshannergrond hunn, an iwwerhaapt frou wieren, eng Aarbecht ze hunn.
Eréischt an enger zweeter Etapp géifen déi Leit mierken, wéi grouss déi Ausbeutung wier, an där si sech géife befannen, esou nach de Marc Baum.
Lauschtert hei dee ganzen Interview mam lénken Deputéierte Marc Baum