Virun zwou Wochen haten d’Livreure vun där Plattform gestreikt, well hir Bezuelung ëm 40 Prozent gekierzt gi wier. Den Aarbechtsminister Marc Spautz sot, datt een elo mol wéilt Kontrolle maache fir ze kucken, ob d’Lëtzebuerger Aarbechtsrecht géif respektéiert ginn.
Kontrolle sollen illegal Praktiken opdecken
Fir den Aarbechtsminister Marc Spautz wieren d’Kontrollen eng kuerzfristeg Léisung, et bräicht e gesetzleche Kader. Eng entspriechend EU-Direktiv soll bis Enn vum Joer an nationaalt Recht ëmgesat ginn. Da leeft och d’Deadline vun der EU of. D’Partei déi Lénk hat ufanks dës Joers schonn eng Gesetzespropos zur Plattformaarbecht op den Dësch geluecht.
D’Kontrollen, déi annoncéiert goufen, wieren dann drop ausgeriicht illegal Praktiken opzedecken, esou den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz.
"Dat kënne mir kontrolléieren opgrond vum Droit du travail, wéi mir et am Moment hunn, wat d’Schwaarzaarbecht ubelaangt, wéi déi Leit ugemellt sinn oder net."
Besonnesch am Viséier vun de Kontrolle si sougenannt Sous-traitanten oder Tëschenhändler. Also Firmen, déi sech bei enger Plattform wéi Wolt umellen an da selwer Leit engagéieren.
Jee no Statut ginn et méi héich Kommissiounen
Grad hei géif sech dacks net un d’Gesetz gehale ginn, esou den David Angel vum OGBL. Déi Firme géifen heefeg och Leit rekrutéieren, déi entweder e Flüchtlingsstatut oder guer kee Statut hunn.
"Mir wëssen, datt do deelweis d'Leit wierklech bei de Flüchtlingscampen demarchéiert gi fir schaffen ze kommen. Mir wëssen, datt déi Leit dann och musse Kommissiounen ofdrécken un déi Firmen. Deelweis hänken déi Kommissiounen dorunner fest, ob si Statuten oder net hunn. Wa si kee Statut hunn, musse si méi bezuelen."
Déi Livreure géifen da souwuel vun der Plattform wéi och vum Sous-traitant ënner Drock gesat ginn, seet de Paul Glouchitski vum LCGB.
"On leur dit que s'ils ne réalisent pas un certain chiffre d'affaires, ils risquent en fait d'avoir leur compte carrément supprimé. Ou transmis à une autre personne."
D’Kontrolle wieren eng kuerzfristeg Léisung, fir illegal Praktiken opzedecken an deene Leit ze hëllefen, esou den Aarbechtsminister Marc Spautz. Laangfristeg soll awer e Gesetz de Beräich vun der Plattformaarbecht méi kloer reegelen.