Bei den Attacke sollen 350 Dronen a 68 Rakéiten agesat gi sinn. An de Regiounen ausserhalb vu Kiew, wieren et dräi Doudesaffer ginn. Am Ganze wieren an déi 70 Mënsche bei dësen Attacke blesséiert ginn.
Wéinst de villen zivillen Affer fuerdert de Wolodymyr Selenskyj eng Reaktioun vun der NATO.
Selenskyj fuerdert weider Ënnerstëtzung fir déi ukrainesch Loftofwier
Den ukrainesche President Selenskyj hat gëschter scho virun neien Attacke gewarnt. Den Optakt vum NATO-Sommet ass muer um Dënschdeg an der Tierkei. Hei well den ukrainesche President sech staark maachen, datt weider Ënnerstëtzung fir déi ukrainesch Loftofwier decidéiert gëtt.
Zu Sewastopol, op där vu Russland besater Krim ass iwwerdeems de Stroumreseau ausgefall, dat wéinst enger ukrainescher Attack op Strouminstallatiounen.