Krich an der Ukrain

Hefteg russesch Ugrëffswell op d'Ukrain - Op d'mannst 17 Doudeger zu Kiew

Nieft der Haaptstad Kiew goufen an der leschter Nuecht och aner Stied mat Kampfdronen, Rakéiten a Marschfluchkierper ugegraff. Zu Kiew goufen et op d'mannst 17 Doudeger an eelef Blesséierter.

auto_stories

1 min

© EPA/SERGEY KOZLOV
(Foto: EPA/SERGEY KOZLOV)

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet no den neie schwéiere russesche Loftattacken op Kiew méi eng séier Hëllef fir d’Fluchofwier gefuerdert. Dat wier fir d’Ukrain eng absolut a kritesch Prioritéit.

Wichteg wier all Bäitrag zum PURL-Programm, mat deem d’NATO-Staate Waffen an den USA kafen a se an d’Ukrain schécken.

Warnung virun neien Attacken

Den ukrainesche President Wolodymyr Slenskyj hat schonn e Mëttwoch virun engem neie massive russeschen Ugrëff gewarnt an d'Bevëlkerung opgefuerdert, d'Loftalarmsignaler eescht ze huelen an d'Schutzraim opzesichen.