National

Konjunkturflash: Nees positiv Entwécklungen an der Industrie a Constructioun

Zu Lëtzebuerg ginn et liicht positiv Signaler wat déi ekonomesch Situatioun ugeet. Wéi de Statec am neie Konjunkturflash matdeelt, ginn et positiv Entwécklungen an der Industrie an an der Constructioun. Och de Commerce an den Horeca-Secteur géife sech am zweeten Trimester erëm positiv entwéckelen. 

auto_stories

1 min

D‘Hëtztwellen an d‘Dréchent wäerten allerdéngs en Impakt op déi Lëtzebuerger Ekonomie hunn. Am Moment kéint een nach net sécher soen, wéi een. Virun allem de Logistiksecteur hätt dorënner gelidden. Dat wéinst dem Niddregwaasser an de Flëss - Schëffer konnte vill manner Wueren transportéieren.

Och d‘Landwirtschaft hätt ënner den extreeme Wiederkonditioune gelidden.

D'Inflatioun gëtt duerch d'Wiederextreemer ugedriwwenen

De Statec rechent domat, datt d‘Dréchent an d‘Canicullen och Konsequenzen op d‘Inflatioun wäerten hunn, an datt doduerch elo d‘Präisser weider klamme wäerten. 

An de Restaurante stellt de Statec scho Präishaussë vu bis zu 4 Prozent fest.