Jugend

Jugendpakt: Deputéiert vermësse konkret Ziler a Berücksichtegung vu Vulnerabelen

Ze wéineg konkret Ziler, kee kloren Zäitplang an ze wéineg Opmierksamkeet fir vulnerabel Jonker. Dat sinn e puer vun de Kritikpunkten, déi haut an der Educatiounskommissioun um neie Jugendpakt geäussert goufen. De Minister Claude Meisch hat deen Aktiounsplang gëschter offiziell virgestallt.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Adobe Stock play_arrow
(Foto: Adobe Stock)

Domat wëll d'Regierung ënner anerem méi Treffpunkten a Fräizäitaktivitéite fir Jonker schafen. D'Deputéiert hunn haut awer virun allem d'Ëmsetzung an d'Finanzéierung hannerfrot. 

Deene grénge feelt et un Innovatioun

De Jugendpakt géif zwar eng Rei sënnvoll Mesurë virgesinn, wier awer net besonnesch innovativ. D'Deputéiert vun déi gréng Djuna Bernard kritiséiert, datt et u verbindlechen Ziler feele géif.

 "A puncto Timing, a puncto Budget, a puncto klore KPI, wéi een dat mëttlerweil nennt, ass dëst Dokument, fannen ech, e bësselchen ze vag. Do feelt et mer e bësselchen u Verbindlechkeet, fir hei de Suivi ze maachen."

Och déi spezifesch Besoine vu Jonke mat enger Beanträchtegung, vu Refugiéen oder vu Jonken a Foyere géifen an hiren Aen net genuch berücksichtegt ginn.

Wéi kann een d'Gemengen dozou bréngen eppes ze maachen?

D'LSAP-Deputéiert Francine Closener huet hirersäits d'Fro opgeworf, wéi d'Regierung d'Gemenge konkret dozou brénge wëllt, méi Treffpunkten ze schafen.

"Et gëtt jo awer keng Verbindlechkeet, wou se sech da musse wierklech drun halen. Et ass jo eigentlech éischter de gudde Wëllen, ëmmer den Appell un d'Gemengen: Maacht eppes fir déi Jonk. Mee wa se et awer net maachen, wéi wëllt Der se dann dozou kréien?"

De Claude Meisch huet dorop higewisen, datt d'Jugendaarbecht fir d'Gemengen eng fräiwëlleg Aufgab ass. De Staat kéint si ënnerstëtzen, awer net zu neien Offere verflichten.

"Vulnerabel Jonker wieren net vernoléissegt ginn"

Op d'Kritik un der feelender Berücksichtegung vu vulnerabele Jonken huet de Minister entgéintgehalen, datt och dës bei der Ausschaffung vum Jugendpakt agebonne gewiescht wieren.

"Vläicht musse mer och de Constat maachen, datt och méi vulnerabel Jonker vläicht déi selwecht Besoinen artikuléieren, wéi all anere Jonken. (...) Bei deem Tuer duerch d'Land, do ware wuel méi vulnerabel Jonker, wann een deen esou däerf nennen, derbäi. Dir hutt d'Foyeren ugeschwat, zum Beispill, ech ka mech erënneren, ech géif éischter mengen, déi waren do liicht iwwerrepresentéiert an deenen Diskussiounsronnen. An deenen hir Virstellunge sinn heimat agefloss."

D'Ana Correia Da Veiga vun déi Lénk huet ausserdeem kritiséiert, datt virun allem déi 12- bis 18-Järeg am Mëttelpunkt stinn, wärend déi jonk Erwuessener bis 30 Joer manner berücksichtegt ginn.

De Claude Meisch huet donieft präziséiert, datt de staatleche Budget fir Investitiounen an Infrastrukturen am Jugendsecteur d'nächst Joer vun 3,8 op 8,2 Milliounen Euro klamme soll. Wéi vill nei Jugendhaiser an de leschte Joren entstane sinn, konnt de Ministère awer net preziséieren.

Lauschterenplay_arrow