Op dee Campus, um Site "Um Gréimelter", soll nieft dem internationale Lycée och eng europäesch Primärschoul, e Lëtzebuerger Lycée an eng Beruffsschoul kommen. Deen neie Campus zu Munneref ass fir ronn 1.700 Schüler an 78 Klasse geduecht. D'Internat kritt 43 Zëmmeren.
A fënnef Joer soll de Campus stoen
Dat Ganzt soll ronn 210 Milliounen Euro kaschten an d'Aarbechte sollen Enn d'nächst Joer ufänken. Den neie Schoulcampus soll da fir d'Schoulrentrée 2031 fäerdeg sinn.