Dësen Hëtzt-an Dréchentsummer wier eng Katastroph fir Millioune vu Mënschen a fir d‘Ekonomie, heescht et am Rapport. Déi Zomm kënnt zesummen, wann een d'Konsequenze vun de Bëschbränn, d'Ausfäll bei der Recolte, d'Hausse bei de Gesondheetskäschte souwéi Produktivitéitsausfäll zesummerechent.
Greenpeace geet dovun aus, datt de reelle Schued nach däitlech méi héich leit wéi hir momentan Schätzung. Laangfristeg Effekter vun der Hëtz an Dréchent sinn hei nämlech nach net dra berücksichtegt. D‘Investitiounen an ambitionéierte Klimaschutz géifen dergéint op engem lächerlech niddregen Niveau leien.
Wiederextremer gi méi heefeg
Europa muss sech laut dem Klimafuerscher Stefan Rahmstorf an Zukunft op besonnesch vill Wiederextremer astellen.
Néierens géing d‘Erwiermung esou séier viru goe wéi an Europa, domadder géifen d'Extremsituatiounen och méi heefeg. Extremer déi soss all 500 Joer gemooss goufe kéinten haut all 50 Joer vir kommen.
Wien dëse Summer mat Hëtzt an Dréchent schonn als schlëmm empfonnt huet miss sech deemno op nach méi extrem Summeren astellen.