Däitschland

Friedrich Merz nennt d'Bëschbränn eng Konsequenz vum Klimawandel - Kritik vu WWF

Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz war gëschter Mëtteg an d‘Äifel gereest, op d'Plaz vum grousse Feier am Hürtgenwald. Hien huet do de Pompjeeën a Fräiwëllegen, déi gehollef hunn, d‘Feier ze läschen, Merci gesot. Eng 1.400 Leit waren zäitweis am Asaz. Hie gouf allerdéngs och ausgepaff

auto_stories

2 min

© EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF
(Foto: EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF)

D‘Feier gouf virun 3 Deeg definitiv als geläscht deklaréiert, eng Woch nodeems et ausgebrach war.

De Friedrich Merz ass sur place ausgepaff gi vu verschiddene Leit. Dat wuel, well hien net direkt op d'Plaz komm ass. De Bundeskanzler huet gesot, hien hätt wëllen éischter kommen, mee de lokale Buergermeeschter hätt him geroden, nach ze waarden. Dat aus sécherheets-organisatoresche Grënn.

Feier vun historescher Gréisst

Bei senger Visitt op der Plaz sot de Friedrich Merz: Dat Feier wier eng kloer Konsequenz vum Klimawandel an et misst ee sech an Zukunft drop astellen, datt et méi Bëschbränn wäerte ginn. 

1.800 Leit waren evakuéiert ginn an d‘Feier huet 300 Hektar zerstéiert. Et war de gréisste Bëschbrand an der Geschicht vun Nordrhein-Westfalen.

WWF Deutschland mat däitlecher Kritik un der Regierung

Am Virfeld vun enger Kabinettsklauser vun der däitscher Regierung d‘nächst Woch hunn iwwerdeems Ëmweltschützer der schwaarz-rouder Regierungskoalitioun virgehäit,  bei der Klimapolitik net um richtege Wee ze sinn.

D‘Ëmweltschutz-Organisatioun WWF Deutschland sot, d‘Politik vum Kanzler Friedrich Merz a senger Koalitioun wie rbis elo vu ville Réckschrëtt am Klimaschutz gepräägt. D‘Koalitioun vun CDU/CSU an SPD misst dréngend den Ausstig aus de fossillen Energie virun dreiwen, esou WWF Deutschland.

Bei der Kabinettsklausur d‘nächst Woch soll et ënner anerem ëm Dréchent, Bëschfeieren an d‘Konsequenze vun der Klimaerwiermung goen.