De Contournement soll de ganze Südosten vun der Stad an den Zentrum vun Hesper entlaaschten, wou all Dag iwwer 20.000 Autoe duerchfueren.
natur&ëmwelt hat scho Bedenke geäussert
Den neie Contournement soll 5,75 Kilomeeter laang ginn an et soll och eng Vëlospist derlaanscht lafen. De Käschtepunkt gëtt op 390 Milliounen Euro geschat, an e soll bis 2037 fäerdeg sinn.
Am Mee schonn hat de Regierunsgrot dem Gesetzesprojet gréng Luucht ginn.
D'ASBL natur&ëmwelt hat awer am August hir Bedenken um Projet geäussert. De Contournement géif duerch eng wichteg Schutzzon fir Vigel mat enger remarkabeler Biodiversitéit goen, hat d'ASBL matgedeelt. Dobäi kéim, datt esou Schutzzone vill Waasser kënnen zeréckhalen an deemno d'Dierfer ronderëm vun Iwwerschwemmunge schützen.