Du bass e passionéierte Gamer, hues ëmmer nei Videospiller um Radar a wëlls deng Begeeschterung och un aner Leit weiderginn?
Dann huel eis Nolauschterinnen an Nolauschterer mat an d’Welt vum Gaming – vun neie Releasen, groussen Trends bis hin zu Indie-Spiller, déi ee sech net sollt entgoe loossen.
Däi Profil:
• En zolidd Wëssen an der Geschicht vun de Videospiller an Online-Gaming, esouwéi vun den aktuellen Trends
• Eng agreabel Stëmm mat gudder Diktioun an Aussprooch
• Spaass drun hu fir Leit ze entertainen
• E Gespier fir breet Theemen anzeuerdnen, ouni d’Nolauschterer/Nolauschterinnen ze langweilen
• Exzellent Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a schrëftlech) esouwéi den aneren übleche Beruffssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch)
• Erfarung am Radio/Podcast-Beräich ass vu Virdeel
Mir bidden:
• E professionellen Encadrement an enger motivéierter Ekipp
• E Freelance-Kontrakt iwwer eng Saison, dee ka verlängert ginn
• Perspektiv fir eng längerfristeg Zesummenaarbecht
Lued eis deng Audio-, oder Video-Kandidatur bis de 7. September op follgende Site erop: