Et ass déi véierte Kéier hannereneen, datt de Radio 100,7 säin eegene Rekord klappt.
Wärend der Woch lauschtere gutt 11 Prozent vun de Lëtzebuerger Residenten dës Antenn. Mam Weekend agerechent sinn et 10 Prozent.
Op de Mount gekuckt erreecht de Radio 100,7 eng 122.800 Mënschen, also 21,3 Prozent vun der Populatioun.
Fir dës Etüd goufen eng 4.000 Mënschen interviewt.
Succès fir den Opus 100,7
Och fir den Opus 100,7 goufen Interviewen duerchgefouert, awer just 2.000. Déi weisen awer, datt de Radio fir klassesch Musek all Dag 7.900 Persounen erreecht. Iwwer eng ganz Woch gekuckt sinn et der 17.700, also 3,1 Prozent vun de Lëtzebuerger Residenten.