71 Prozent vun de Schwäizer:innen hu sech géint d'Initiativ vum Veräin "Pro Schweiz" ausgedréckt, deen der rietskonservativer SVP nosteet. Zil vum Referendum war et, d'Neutralitéit nach méi streng an der Verfassung ze verankeren. Bis elo ass an der Verfassung verankert, datt d'Schwäiz sech net u Kricher bedeelegt a säin Territoire fir Krichsparteie späert.
Hätt sech de Jo duerchgesat, wieren och keng Sanktioune méi geschwat ginn, beispillsweis géint Russland opgrond vun hirem Krich géint d'Ukrain. Domat wieren dann och déi wirtschaftlech Relatiounen einfach weiderlafe gelooss ginn, och wann ee Land een anert attackéiert.
Neutralitéit fir Sécherheet?
D'Initiatore vum Referendum sinn der Meenung, datt d'Schwäiz doduerch méi sécher gi wier, well keen ee Grond hätt d'Land ze attackéieren.
D'Géigner vum Referendum awer soten, datt ee sech net hanner Neutralitéit verstoppe kéint, well domat Täter an Affer géifen op een Niveau gesat ginn.
Schonn an de Sondagen hat sech ofgedeit, datt den Nee gewanne géif.