Frankräich

EU-Kommissär fir Mënscherechter: D'Recht fir ze manifestéiere muss agehale ginn

A villen europäesche Stied si fir haut Manifestatiounen ugekënnegt, besonnesch a Frankräich. An deem Kontext huet den EU-Kommissär fir Mënscherechter een Appell un d'Staate gemaach, fir d'Recht fir ze manifestéieren ze respektéieren.

auto_stories

1 min

Demonstratioun an Italien | © EPA/MATTEO CORNER
Demonstratioun an Italien (Foto: EPA/MATTEO CORNER)

Sollt Gewalt an enger Manif opkommen, da sollt virop op Deeskalatioun gesat ginn, esou den EU-Kommissär Michael O'Flaherty. 

"Ech ruffen d'Memberstaaten op, d'Recht, sech friddlech ze versammelen, ze schützen, an datt den Encadrement vun de Polizisten d'Mënscherechter respektéiert."

Autoritéite sollten op Dialog setzen

Nieft Frankräich gi sech och an Albanien, Italien a Spuenie grouss Manifestatiounen erwaart. Besonnesch déi jonk Leit ginn op d'Stroosse wéinst dem verloscht vun hirer Kafkraaft an awer och fir géint déi jeeweileg Regierungen ze demonstréieren. 

A Frankräich gëllt deelweis eng Ausgangsspär a verschidde Manifestatiounen, wéi déi zu Metz, goufen annuléiert. Italien huet sengersäits elo d'Arméi ageschalt. Dat gesäit de Michael O'Flaherty ganz kritesch. 

Sollten d'Autoritéiten op Gewalt zeréckgräifen, dann dierft dat nëmme geschéie wann et absolut noutwenneg ass, esou den EU-Kommissär fir Mënscherechter. Sollt dobäi géint d'Gesetz verstouss ginn, da missten Enquête géint d'Polizisten an d'Weeër geleet ginn. 

Och sollten d'Autoritéite sech dem Alter vun den Demonstrante bewosst sinn a besonnesch bei Kanner hiert Handelen upassen.