An Zukunft dierf nach manner Stol ouni Douanestaxen importéiert ginn, wéi dat bis elo de Fall war. A fir Importer, déi d’Limitt depasséieren, wäerten däitlech méi héich Taxen applizéiert ginn.
Fënnefmol méi Stol wéi néideg
Fir den Ament ginn déi aktuell Reegelen, déi haut auslafen, nach weider gebraucht, well de Problem vun der Iwwerproduktioun wäit dovun ewech ass, geléist ze ginn. D'Iwwerproduktioun läit der Europäescher Kommissioun no bei iwwer 600 Milliounen Tonnen. Dat ass fënnefmol méi wéi d'EU am Joer brauch.
Dofir hat d'Europäesch Kommissioun schonn am Oktober zejoert nei, däitlech méi streng Reegele proposéiert, iwwer déi sech am Abrëll dëst Joer d'Europaparlament an d'Memberlänner eens goufen. De Contingent fir kënne Stol ouni Douanestaxen an d'EU ze exportéieren, gëtt substantiell - also bal ëm d'Hallschent - reduzéiert.
Konkreet geet dee Volume vun aktuell 33 Milliounen op 18 erof.
Export gëtt méi héich taxéiert
Stol, deen doriwwer eraus an d'EU importéiert gëtt, gëtt duebel esou héich taxéiert. An Zukunft mussen d'Exportateure mat Strof-Douanstaxe vu 50 amplaz bis elo 25 Prozent rechnen.
D'Reegele gëllen och fir Länner, déi ee Fräihandelsaccord mat der EU hunn. D'Hallschent vun de Quote gouf fir si reservéiert.
D'Verdeele vun de Quote war ee schwéieren Exercice, sot de Moien een EU-Diplomat. Dat, well d'Stécker vum Kuch nach vill méi kleng sinn, wéi an der Period virdrun.
D'Quote goufen op der Basis vun den Handelszuelen tëschent 2022 an 2024 ausgerechent.
Fir d'Ukrain gouf probéiert, méiglechst vill erauszeschloen, ouni allerdéngs géint d'Krittären, déi an de Reegele vun der Welthandelsorganisatioun fir esou Fäll virgesi sinn, ze verstoussen.
Keng negativ Reaktioun vun den USA ze erwaarden
Och d'Reegel vum Pays d'origine vum Stol gëtt verschäerft. Als esou eent gëllt an Zukunft just ee Land, an deem de Stol geschmolz a gegoss gouf. Doduerch soll evitéiert ginn, datt een d'Reegelen ëmgoe kann, an datt chineesesche Stol iwwer ee Land an d'EU erakënnt, wou e just liicht transforméiert gouf.
Den Import vu russeschem Stol gëtt iwwerdeems net verbueden. Dat hat d'Europaparlament gefuerdert. D'EU-Länner waren dogéint, mam Argument, et kéint een hei net nei EU-Sanktiounen am Kader vun Handelsreegelen opstellen. Elo gouf just am Text festgehalen, datt et wichteg wier, d'Importer esou séier wéi méiglech ze reduzéieren.
Mat enger negativer Reaktioun vu Säite vun den USA wier hei net ze rechnen, heescht et aus EU-Sourcen. Dat, well d'USA net dogéint waren, datt d'EU d'Importer limitéiert.