Initiativ vum Lars Klingbeil

6 EU-Länner fuerderen eng Steier op exzessiv Profitter vun de Pëtrolskonzerner

D'Finanzministeren aus sechs EU-Länner fuerderen an engem Bréif un déi iresch EU-Presidence eng Steier op den exzessive Profitter vun de Pëtrolskonzerner. Däitsche Medie no wier d‘Initiativ vum däitsche Finanzminister Lars Klingbeil vun der SPD ausgaangen.

auto_stories

1 min

Däitsche Bundesfinanzminister Lars Klingbeil (SPD)  | © picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka
Däitsche Bundesfinanzminister Lars Klingbeil (SPD) (Foto: picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka)

D'Finanzministeren aus 5 aneren EU-Länner hätten de Bréif mat ënnerschriwwen, nämlech Éisträich, Portugal, Italien, Spuenien a Polen.

Lëtzebuerg géint eng EU-wäit Steier

Am Bréif, deen der däitscher Presseagence virläit, heescht et: D‘Pëtrolskonzerner géife vum Krich am Noen Osten an den héije Pëtrolspräisser profitéieren. Si missten dofir hiren Deel dozou bäidroen, fir den Impakt vun de Präishaussen op d‘Populatioun a Betriber ze limitéieren.

D‘Lëtzebuerger CSV-DP-Regierung huet sech an der Vergaangenheet géint eng EU-wäit Steier op de Gewënner vu Pëtrolskonzerner ausgeschwat.

Rekordgewënner fir d'Pëtrolskonzerner

De Sujet soll Mëtt September op engem Treffe vun den EU Finanz- a Wirtschaftsministeren zu Dublin nach emol opgegraff ginn. 

Déi brittesch Zeitung The Guardian hat rezent gemellt, datt déi aacht gréisste Pëtrolskonzerner am zweeten Trimester vun dësem Joer zesumme Profitter vun am Ganzen  93 Milliarden US Dollar gemaach hunn – bal duebel esou vill wéi an derselwechter Period d‘Joer virdrun.