Lettland

Dronevirfäll dominéiere lettesch Parlamentswalen

Ronn 1,5 Millioune wahlberechtegt Persoune wielen haut a Lettland en neit Parlament. Am Mee hat et am baltesche Staat e Regierungswiessel ginn nodeems Dronevirfäll fir Opreegung gesuergt haten. Knapp en halleft Joer méi spéit gëtt elo en neit Parlament gewielt.

auto_stories

2 min

De Visiteurszenter vum lettesche Parlament | © picture alliance / NurPhoto | Jaap Arriens
De Visiteurszenter vum lettesche Parlament (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jaap Arriens)

Et gëtt sech erwaart, datt populistesch Parteie bei dëse Walen zouleeë wäerten. Dem aktuelle Ministerpresident Andris Kulbergs säi Bündnis "Apvienotais saraksts" gëllt Ëmfroen no als Favorit fir d'Wal ze gewannen.

Den Andris Kulbergs hat am Mee d'Regierungsverantwortung iwwerholl nodeems déi viregt Regierung wéinst engem Sträit iwwert Dronevirfäll ausernee gaange war. D'Bündnis besteet aus véier Parteien déi als konservativ gëllen oder zu der politescher Mëtt zielen. 

Éischt Resultater an der Nuecht op Sonndeg

Et ass onkloer ob den Zesummeschloss vun de véier Parteien no de Wale ka weider maachen. Experten erwaarde sech e fragmentéiert Parlament an doropshin eng komplizéiert Regierungsbildung. D'Hallschent vun de 14 Parteien déi bei der Wal untriede kéinten deemno de Sprong an d'Saeima packen. 

D'Walbureaue si bis den Owend 20 Auer Lokalzäit op. Éischt Resultater gi sech an der Nuecht op e Sonndeg erwaart.

Dronevirfäll am Mëttelpunkt - Däitsch Eurofighter schützen d'Walen

Am Zentrum vum Walkampf stoung de russesche Krich an der Ukrain an d'Auswierkungen op déi national Sécherheet vu Lettland. Zënter dem Fréijoer gouf et direkt e puer Virfäll mat Dronen déi fir Opreegung gesuergt hunn. D'Dronen, déi am Kader vum Krich an der Ukrain am Asaz waren, waren an de lettesche Loftraum agedrongen an ofgestierzt. Zwou Drone goufe vun Nato-Kampfjetten ofgeschoss. 

Fir d'Sécherheet bei de Walen ze garantéieren hat Lettland seng Nato-Partner no Ënnerstëtzung bei de Wale gefrot. Déi däitsch Bundeswehr huet doropshi véier Eurofighter a Lettland verluecht fir de Loftraum ze schützen.