D‘USA hunn dat net offiziell confirméiert. De Réckzuch vun den US-Truppen ass awer zënter gutt zwee Joer geplangt. Den Delai dofir leeft offiziell iwwermuer of.
Kampf géint den IS
Den US-Militär ass zënter 2014 fir déi zweete Kéier am Irak. Dobäi goung et ëm de Kampf géint d‘Terrormiliz Islamesche Staat. Dee Kampf gëllt an Tëschenzäit als gewonnen, och wann eenzel IS-Zellen nach aktiv sinn.