Dem Sender Sky News no hätt och elo d‘Ausseministesch Yvette Cooper de Keir Starmer opgeruff als Premier zeréckzetrieden.
Hannergrond ass Drock op de Keir Starmer zënter der Labour-Nidderlag bei de Regional- a Kommunalwalen ufanks Mee. Erwaart gëtt, datt dem Starmer säi Rival Andy Burnham drop an drun ass de Keir Starmer als Premier erauszefuerderen.
D‘Lescht Woch hat den Andy Burnham wéi erwaart eng Nowal an Nordengland gewonnen. Hie gëtt de Mëtteg als Deputéierte vereedegt an bréngt sech domat an d‘Positioun fir de Starmer erauszefuerderen.