Bei dem Treffe wier et och ëm d'Erofhuele vum russesche Milliardär Michail Fridman vun der EU-Sanktiounslëscht gaangen. Lëtzebuerg hätt sech explizit dofir agesat, datt de Michail Fridman vun der Lëscht geholl gëtt, dëst wier am “héijeren Interesse" vu Lëtzebuerg wei de Premier Luc Frieden gëschter sot. D'Oppositiounsparteien LSAP an déi gréng hunn esouwuel de Premierminister wéi och den Ausseminister no Erklärunge gefrot.
"En bon terme" mat der Ukrain
De Xavier Bettel seet, hien hätt dem Wolodymyr Selenskyj awer verständlech gemaach, datt d’Stoppe vun de Sanktioune géint de Fridman eng europäesch Decisioun wier.
"Ech hunn hinnen erkläert, datt mir gemeinsam zu 27 déi Positioun och geholl hunn. Déi ass verlängert ginn op dräi Joer. Dat gëtt och eng gewësse Previsibilitéit. Si hu mir hir Meenung duergestallt. Ech hunn hinnen eis Positioun duergestallt. A Punkt. A mir sinn derno awer en bon terme auserneegaang."
Wat de Konflikt am Noen Osten ugeet, betount de Xavier Bettel, datt de Konflikt och ënner de Politiker:innen an der UN däitlech ze spiere wier. Deemno hätt d’Situatioun am Noen Oste méi polariséiert wéi déi ronderëm de Krich an der Ukrain.
"Net ganz fair play", datt Palästina net present war
An dësem Kontext bedauert de Xavier Bettel och, datt Palestina net um Sommet vertrueden ass, wann iwwer si diskutéiert gëtt.
"Wa mer iwwer Palästina solle schwätzen an d'Palästinenser mol keng Autorisatioun kréien, fir kënne selwer op New York ze kommen, fir och hire Plädoyer ze halen, fannen ech och net ganz fair play."
De lëtzebuergeschen Ausseminister geheit dem israeelesche Premier Benjamin Netanjahu vir, mat senge "Provokatiounen" selwer zum Antisemitismus an Europa bäizedroen.
Luef fir Lëtzebuerg
Bei de Vereenegten Natioune gouf et och Luef fir Lëtzebuerg, sou de Xavier Bettel. Bei engem Treffe mat dem UN-Generalsekretär Antonio Guterres hätt dëse gesot, datt et der Welt géif besser goen, wann all Land esou wéi Lëtzebuerg wier, esou de Xavier Bettel.
"Dat ass e Constat, deen eng Freed mécht, wann ee gesot kritt dat Lëtzebuerg, souzesoen e gudde Schüler ass, deen un de Multilateralismus och gleeft."
De Xavier Bettel huet nach emol betount, datt et him wichteg wier, datt den UN-Sécherheetsrot reforméiert gëtt.
D’Muechtverhältnisser vum Sécherheetsrot géif verschidde Länner zu Supermuechte maachen a gläichzäiteg ganz Deeler vun der Welt, wei den afrikanesche Kontinent, vernoléissegen, esou den Ausseminister.