Groussbritannien

Brittesche Premier Andy Burnham soll mat falscher US-Cabinetscheffin geschriwwen hunn

Den neie brittesche Premier Andy Burnham soll mat enger falscher Trump-Beroderin geschriwwen hunn. Dat mellt Politico mat Verweis op Beamten. D‘Persoun soll sech als dem Trump seng Cabinetscheffin Susie Wiles ausginn hunn.

auto_stories

1 min

Andy Burnham | © EPA/HENRY NICHOLLS / POOL
Andy Burnham (Foto: EPA/HENRY NICHOLLS / POOL)

Den Andy Burnham soll mat hir geschriwwen hunn, bis e mësstrauesch gi wier. Déi brittesch Regierung huet d‘Meldung net confirméiert. Déi brittesch Ambassade zu Washington wier awer esou besuergt iwwer de Virfall gewiescht, datt se en am Wäissen Haus ugeschwat hätt.

D‘lescht Joer soll den FBI schonn ermëttelt hunn, nodeems Politiker an US-Geschäftsleit Messagen an Uriff vun enger Persoun kritt hätten, déi sech als dem Trump seng Cabinetscheffin ausginn huet.