Krich géint d'Ukrain

Ukrain lancéiert massiv Dronenattack op Moskau

De Buergermeeschter vu Moskau, Sergej Sobjanin, huet gemellt, datt d’Ukrain an der Nuecht Moskau an seng Viruerter mat 600 Dronen attackéiert huet. Déi meescht Drone wieren awer vu Russland ofgefaange ginn. Russeschen Autoritéiten no, géif et een Doudesaffer an e puer Blesséierter ginn.

auto_stories

1 min

E Schëld virum Kreml zu Moskau | © EPA/SERGEI ILNITSKY
E Schëld virum Kreml zu Moskau (Foto: EPA/SERGEI ILNITSKY)

D’Ukrain viséiert virun allem Infrastrukturen, déi derrussescher Arméi kéinten hëllefen. 

Russland fiert weider massiv Ugrëffer op d'Ukrain

Russland huet iwwerdeems ballistesch Rakéiten op d’Ukrain geschoss. D’Haaptstad Kiew, d’Industriestad Krementschuk an d'Groussstad Krywyj Rih goufen dobäi viséiert.

Nees eng Dron iwwer Rumänien

A Rumänie gouf eng Dron, déi an de rumänesche Loftraum tëschent der Ukrain a Moldau agedronge war, vun engem spuenesche Kampffliger ofgeschoss. Dee Fliger ass am Kader vun enger Nato-Missioun a Rumänie stationéiert. 

Rumänien ass ee vun deene Länner déi am meeschten a Gefor vun deviéierten Drone sinn. D’Land läit um schwaarze Mier a net wäit ewech vun deenen Territoiren ander Ukrain, déi vu Russland reegelméisseg viséiert ginn. Och Polen a baltesch Länner hunn ëmmer nees mat änleche Situatiounen ze dinn.