Vun 2027 un

A Griichenland gëtt Social Media fir Kanner ënner 15 Joer verbueden

Vun 2027 u solle Jonker ënner 15 keen Zougang méi zu soziale Reseauen, wéi Facebook, Instagram an TikTok hunn, huet de griichesche Staatsminister Akis Skertsos haut annoncéiert. Deemno soll d'Verbuet den 1. Januar 2027 a Kraaft trieden. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

An enger griichescher Ëmfro bei Schülerinnen a Schüler, hat ee Véirel vun hinnen uginn, déi sozial Medien iwwerméisseg ze benotzen. Dowéinst wier et och Zäit "sech mat enger méiglecher digitaler Ofhängegkeet" ze beschäftegen, esou nach de liberal-konservative Staatsminister Skertsos.

Bei Verstéiss säitens de Plattforme sollen déi europäesch Kontroll- a Sanktiounsmechanisme gräifen. Deemno kéinten da Geldstrofe vu bis zu sechs Prozent vum globale Joresëmsaz fälleg ginn.

E Virbild fir Lëtzebuerg?

Déi delegéiert Medieministesch Elisabeth Margue (CSV) hat sech am September fir e Social Media Verbuet fir Jonker an der EU ausgeschwat.

Dat wier Deel vum "EU Kids Act", deen d'EU-Kommisioun leschte Mount proposéiert hat. Dee gesäit ënner anerem e Social Media Verbuet fir Jonker ënner 13 Joer vir. Iwwer d'Propos diskutéieren d'EU-Parlament an d'Memberstaaten den Ament nach.