EU-Sommet

EU-Budget bis Dezember wéinst Frankräich? Premier: "Wann net, geet d'Welt net ënner"

Och no "ganz interessanten Diskussiounen" wieren d’EU-Memberstaaten sech a punkto Budget net méi nokomm, esou dem Premier Luc Frieden säi Bilan nom éischten Dag vum EU-Sommet gëschter zu Bréissel.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Luc Frieden | © EPA/OLIVIER MATTHYS play_arrow
Luc Frieden (Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Wat d’Aféierung vun eng europäescher Betribssteier fir Entreprisen ugeet, bléift de Premier awer kloer bei engem Nee. 

Bis spéit an den Owend eran ass gëschter zu Bréissel diskutéiert ginn. Datt déi 27 EU-Länner sech nach wéi geplangt bis Enn dës Jores op ee pluriannuelle Budget fir 2028 bis 2034 eenegen, schéngt ëmmer méi schwéier ze ginn.

Keen Drock vum Kalenner

De franséische President Emmanuel Macron drängt dogéint op een Accord virun Dezember. Dono kéint hien als Vertrieder vu Frankräich de Budget wéinst de Presidentiellen am Abrëll net méi guttheeschen.

De Premier Luc Frieden fënnt awer, et kéint ee sech net vu Kalenneren ënner Drock setze loossen.

"Mir mussen eis e bëssen tëschent deene Walen do situéieren, mee Wale sinn normal an enger Demokratie. An ech mengen, et soll ee kucken am Dezember en Accord ze fannen, mee wa mir keen Accord am Dezember hunn, da geet d'Welt och net ënner." 

Nei Detailer zum Stand vun den EU-Budgetsverhandlunge goufen et gëschter keng.

Budget fir d'Ukrain 

Nieft de Staats- a Regierungscheffen aus den EU-Memberlänner ass haut och den ukrainesche President Wolodymyr Selesnkyj um EU-Sommet zu Bréissel.

Op d’Fro, wéi de Premier dem Selenskyj géintiwwer trëtt, nodeems Lëtzebuerg sech dofir agesat huet, de russeschen Oligarch Fridman vun der Sanktiounslëscht ze sträichen, sot de Luc Frieden: 

"D'Ukrain weess, datt mir staark op der Säit vun der Ukrain stinn. Mir hunn dat ëmmer erëm bewisen."

Och de Conseilspresident António Costa huet an enger gemeinsamer Declaratioun mam ukrainesche President versprach, datt de Support vun der EU net wäert noloossen. 

D'EU ka Starlink net ersetzen 

De Wolodymyr Selsnkyj huet iwwerdeems betount, datt et him virop ëm den Energie-Bedarf vun der Ukrain geet. 

"Et gëtt keng Zeeche vu Russland, dëse Krich op en Enn ze bréngen, dowéinst musse mir eis elo op de Wanter preparéieren."

Wat d’Problemer mam US-amerikanesche Satellitten-Reseau Starlink, déi fir dat ukrainescht Militär essenziell ass, kann d’EU net vill maachen, sot de Moien d’EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas. D’EU wier à court terme leider net kapabel deen Déngscht ze ersetzen. 

Lauschterenplay_arrow