D'Rettungsdéngschter schwätze vun enger aussergewéinlecher Asazsituatioun.
Zënter dem Ufank vum Joer si britteschen Donnéeën no bal 15.000 Mënsche mat klenge Booter iwwer den Äermelkanal a Groussbritannie komm. Frankräich a Groussbritannien haten am Abrëll een neien Accord ofgeschloss, fir géint déi illegal Iwwerfaarten a Schleiserreseaue virzegoen.