Spuenesch Exklav

CSV Europadeputéiert Isabelle Wiseler-Lima: "Virfall zu Ceuta war Attack op d'EU"

De Virfall zu Ceuta war eng Attack d’Europäesch Unioun. Dat seet d’Isabelle Wiseler-Lima, CSV-Europadeputéiert a Member vun der Kommissioun fir biergerlech Fräiheeten, Justiz a bannescht Affairen am Europaparlament. Dës Kommissioun hat gëschter eng urgent Reunioun wéinst dem Virfall zu Ceuta.

auto_stories

1 min

Massenundrang op Ceuta | © EPA/JALAL MORCHIDI
Massenundrang op Ceuta (Foto: EPA/JALAL MORCHIDI)

Do ass festgehal ginn, ënner anerem eng nei Legislatioun géint de Mënschenhandel ëmzesetzen. 

D'Aktioun zu Ceuta wier, esou d’Isabelle Wiseler-Lima, vu Mënschenhändler, déi Leit illegal iwwer Grenze schleisen, orchestréiert gewiescht. Bei esou Virfäll wier et - och an Zukunft - wichteg, datt d’EU-Memberstaaten zesumme stinn, esou d’Isabelle Wiseler-Lima.

"Do muss ee kucke wat am Fong hätt kënne gemaach ginn, fir dat ze verhënneren. Mee dat ass eng ganz schwéier Situatioun, well et ass eng kloer Attack, déi géint d'Europäesch Unioun gemaach ginn ass. Et ass orchestréiert op verschidden Niveauen."

D'Aktioun wier géint d'Integritéit vum europäeschen Territoire gaangen, esou d'Isabelle Wiseler-Lima weider.

"Et ass och wierklech eng Aart a Weis, fir Europa ze schwächen. Also et ass wierklech eppes geschitt, wa mer mussen opmierksam sinn aus Europäesch Unioun. datt mer eis kënne géint esou Saache wieren."

D’lescht Woch ware jo ëm déi 72.000 Leit vu Marokko aus iwwert de Miereswee an déi spuenesch Exklav komm, méi wéi honnert Persoune sinn dobäi ëm d’Liewe komm. Mëttlerweil sinn déi meescht Leit erëm zréck a Marokko.