Déi amerikanesch Taxe vu 25 Prozent op Stol- an Aluminium-Importer aus der EU, déi gëschter a Kraaft getruede sinn, treffen hei am Land virun allem eng Entreprise: Arcelor Mittal. Si exportéiert ongeféier 20 Prozent vun de Palplanchen an Träger, déi hei gewalzt ginn, an d’USA. D’Géigemesuren, déi d’EU-Kommissioun gëschter a Form vun Taxen op Jeans, Motorrieder a Whisky ugekënnegt huet, hëllefen dem Lëtzebuerger Stolproduzent natierlech näischt. De CEO vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen hält déi europäesch Reaktioun nawell fir adäquat.
US-Taxen: Eng lose-lose-Situatioun
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Schoulrentrée: Enseignanten an Enseignanteën, déi nei am Beruff ufänken
Fir d‘Lena De Lorenzi an den Thibault Pepin ass d‘Schoulrentrée een neit Kapitel. Si fänken haut als Enseignant:e un.
Zwee Méint nom Finanzbedruch: Caritas a Schierbelen
D'Caritas krut 61 Milliounen Euro geklaut. Dat ass virun zwee Méint opgeflunn. Mëttlerweil ass kloer, datt vun der Caritas net méi vill Rescht bleift.