Erlieft d'Geschéie ronderëm den Debut vum Orchestre National des Jeunes du Luxembourg um Young Euro Classic Festival. Mir huelen Iech an engem Reportage mat bis an d'Konzerthaus zu Berlin, wou eise Jugendorchester lescht Woch opgetrueden ass.
Haut um 9. August steet dann och den Dimitri Schostakowitsch am Fokus. Op den Dag genee sinn et nämlech 51 Joer hier, datt de Komponist gestuerwen ass.