Dat jéngste Kand vum Wolfgang Amadeus Mozart, de Franz Xaver Mozart, gouf kuerz virum W. A. Mozart sengem Doud gebuer. Et ass dat eenzegt vu senge Kanner, dat professionelle Museker gouf. Haut (26.7.) virun 235 Joer ass de Franz Xaver Mozart gebuer.
Nodeems d'Fanfare vu Bouneweg lescht Woch zu Kerkrade an Holland um World Music Contest opgetruede war, ass et elo un der Monnerecher Musek hirem Tour. Si huet sech als zweet Lëtzebuerger Harmonie qualifizéiert. Mir ware bei de Preparatioune fir dësen Optrëtt dobäi.