Mieresjofferen am Aquatunnel

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Musique dans la Vallée 2025

Op Initiativ vu fënnef Gemenge laanscht d'Atert, nämlech Attert (an der Belsch), Biekerech, Ell, Préizerdaul a Réiden gëtt d'Musique dans la Vallée organiséiert. Eng Rees an d’Kläng vun der barocker Musek, d’Vertounung vun der ganzer Wierk-Panoplie vu verschiddenste Komponisten oder musikalesch Entdeckungsreesen an déi geeschtlech a weltlech Kultur aus Osteuropa. An och wann een d’Frënn vun der klassescher Musek uviséiert, stinn an dëser Editioun d’Famillen am Vierdergrond.

Eng Rees duerch d'Stater Ënnerwelt

Am Kader vun der LUGA gouf den Aquatunnel fir d’éischte Kéier zanter 2011 fir de Public opgemaach. Deen 900 Meter laangen Tunnel, deen ënner der Uewerstad läit, verbënnt de Pafendall an de Péitrussdall. Déi schottesch Klangkënschtlerin Susan Philipsz huet d’Klanginstallatioun “The Lower World” entworf, bei där si de Klang vun de Sireenen a vun de Mieresjongfraen evoquéiert. Dofir huet si hir eege Stëmm opgeholl, déi duerch 12 Haut-parleuren am Tunnel ofgespillt gëtt. De Lex Kauffmann, d’Marie Trussart, d’Kerstin Thalau an de Joe Birchen sinn duerch den Tunnel gaangen an hunn Andréck gesammelt. No der Féierung huet sech d’Marie Trussart mam António Mendes, Chef vum départements public vum Mudam, ënner anerem iwwer d’Konzept vun der Installatioun ënnerhalen.

Grouss russesch Sinfonik

D'NDR Radiophilharmonie an hiren neie Chefdirigent Stanislav Kochanovsky iwwerzeege mat hirer éischter gemeinsamer Produktioun. De Repertoire besteet gréisstendeels aus manner bekannter, russescher Musek, mat där d'Artisten duerch déi passend Klangsprooch dem Tschaikowsky, dem Rimski-Korsakow an dem Tcherepnin gerecht ginn.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Resonanzen

Resonanzen

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
headphones

116 min

play_arrow
Eisen nationale Jugendorchester am Konzerthaus zu Berlin

Eisen nationale Jugendorchester am Konzerthaus zu Berlin

Den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg zu Berlin an den 51. Doudesdag vum Dimitri Schostakowitsch
headphones

117 min

play_arrow

Partizipative Festival-Atelier an den Doudesdag vum Pietro Mascagni

En akusteschen Abléck an dem Pietro Mascagni seng erfollegräichsten Oper an d'Méiglechkeet fir sech beim mosel musikfestival ze bedeelegen.

237 min

play_arrow
World Music Contest a Franz Xaver Mozart

World Music Contest a Franz Xaver Mozart

D'Harmonie vu Monnerech spillt dëse Sonndeg um World Music Contest an de Franz Xaver Mozart huet haut 235. Gebuertsdag
headphones

118 min

play_arrow
Kompositiounen aus der Sonn

Kompositiounen aus der Sonn

De Bléck zeréck op d'Woch
headphones

117 min

play_arrow
Lëtzebuerg bereet sech vir op eng musikalesch Weltmeeschterschaft

Lëtzebuerg bereet sech vir op eng musikalesch Weltmeeschterschaft

D'Blosmuseke vu Bouneweg a Monnerech vertriede Lëtzebuerg um World Music Contest 2026.
headphones

114 min

play_arrow
De Bléck zeréck op d'Woch

De Bléck zeréck op d'Woch

Zwee Komponisten, déi d’Musek an deene leschten 100 Joer wesentlech markéiert hunn, an eng Sopranistin, déi schonn als Kand vum Franz Schubert senger Musek beréiert war.
headphones

117 min

play_arrow
De Bléck zeréck op d'Woch

De Bléck zeréck op d'Woch

D'Oceana Kaell begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
headphones

117 min

play_arrow
De Bléck zeréck op d'Woch

De Bléck zeréck op d'Woch

De Guy Engels begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
headphones

116 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Wéi eng passend klassesch Musek gëtt et fir Mammendag?
headphones

117 min

play_arrow
Computerspillmusek, de "Geiger von Echternach" an en 200. Doudesdag

Computerspillmusek, de "Geiger von Echternach" an en 200. Doudesdag

De Guy Engels begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
headphones

117 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Um 31. Mee 2026 - Den 222. Gebuertsdag vun der Louise Farrenc
headphones

119 min

play_arrow
Resonanzen tëscht Romantik an Neo-Klassik

Resonanzen tëscht Romantik an Neo-Klassik

De Guy Engels begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
headphones

117 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

De Guy Engels begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
headphones

116 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

D'Marie Trussart begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
headphones

117 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
headphones

117 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Vum Pafendall bis op Dortmund
headphones

120 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Mat engem ronne Gebuertsdag, engem neie Plackespiller, engem neien Häerzstéck an engem neien Invité am Klassik Talk
headphones

117 min

play_arrow