Editioun 07:15

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

D’Geleeënheet fir d’Unerkennung vu Palästina ass elo: Där Meenung ass de Michael Merten a sengem Leitartikel am Lëtzebuerger Wort. Eng Unerkennung als Staat géif de Verhandlungsspillraum vun de “konstruktive palästinenseschen Acteuren” erhéijen.

“Blindflug am Findel”, esou huet de Chris Schleimer säin Editorial am Tageblatt iwwerschriwwen. Hien ass der Meenung, datt d’Regierung erëm eng Kéier beim Dialog géif versoen. D’Regierung schéngt et op en Neits verpasst ze hunn, d’Gespréich mat den direkt Bedeelegten ze sichen.

Opmaacher-Sujet am Lëtzebuerger Wort ass d’Eenegung tëschent der Europäescher Unioun an den USA am Handelssträit. Den Deal géif Imprevisibilitéit mat sech bréngen, esou gëtt de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel am Wort zitéiert. Dëse Sujet gëtt haut och am Quotidien kommentéiert.

Am Lëtzebuerger Journal beschäftegt de Misch Pautsch sech mat der Fro, firwat vill vum sougenannten Needle Spiking geschwat gëtt. Fäll, bei deene beluecht ass, datt eng Persoun am ëffentleche Raum heemlech ee Stoff mat enger Nol agesprëtzt kritt huet, géife weltwäit komplett feelen.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Editioun vum 08:15

Begréngung an der Stad, déi nei Säite vum Ëmweltminister an de Finanzminister an den Tubak, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Begréngung an der Stad, déi nei Säite vum Ëmweltminister an de Finanzminister an den Tubak, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

Déi ëmstridde Vëlosmeeschterschaften zu Mamer, rassistesch Aussoe vu Sportskommentateuren an ee Lëtzebuerger, dee President vum europäesche Fechtverband ass
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

D'Hëtztwell beschäftegt weider d'Zeitungen, déi probéieren drop opmierksam ze maachen, datt eppes muss geschéien, dat op nationalem a kommunalem Niveau.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

40 Joer Jugend- an Drogenhëllef, d'Faillitte vun der Brasserie Abtei am Gronn an deen neie Social Media-Trend "#btw" sinn Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7h15

D‘Hëtztwell huet Europa gepräägt, d‘Zeitunge beschäftegen sech mat deenen aussergewéinlech héijen Temperaturen a wéi ee sech fir d'Zukunft ka preparéieren.
headphones

5 min

play_arrow

Presserevue

An den Zeitunge gëtt et Kritik un den Tripartite-Mesuren an un der Gestioun vun der Hëtztwell, do gëtt e roude Fuedem an der Koordinatioun tëscht den Administratioune vermësst
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Wou bleift d'Klimakris an der Politik an en Interessekonflikt am Ëmweltministère, dat sinn d'Themen an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

Wou bleift d'Klimakris an der Politik an en Interessekonflikt am Ëmweltministère, dat sinn d'Themen an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Lëtzebuerg wier net gutt op déi aktuell Hëtztwell virbereet, mengt d‘Tageblatt, an d‘Wort bedauert, datt mir an der Haaptstad Hëtztinselen am Plaz vu Gréngflächen hätten.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Lëtzebuerg wier net gutt op déi aktuell Hëtztwell virbereet, mengt d‘Tageblatt, an d‘Wort bedauert, datt mir an der Haaptstad Hëtztinselen am Plaz vu Gréngflächen hätten.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 8h15

D'Hëtzt hätt Nationalfeierdag net geschuet, den Zeitungen no wier d'Ambiance gutt gewiescht, eng Zeitung awer kritiséiert, datt Freedefeier a Fakelzuch net ofgesot goufen.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7h15

D'Hëtzt hätt Nationalfeierdag net geschuet, den Zeitungen no wier d'Ambiance gutt gewiescht, eng Zeitung awer kritiséiert, datt Freedefeier a Fakelzuch net ofgesot goufen.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 08:15

Mat ë. a. de Sujete Giischtercher an de Prisongen, e Rack géint Haassried a Post aus Lëtzebuerg fir politesch Prisonéier a Russland
headphones

3 min

play_arrow

Editioun vun 07:15

Mat ë. a. de Sujete Giischtercher an de Prisongen, e Rack géint Haassried a Post aus Lëtzebuerg fir politesch Prisonéier a Russland
headphones

4 min

play_arrow

De Bléck an d'Zeitungen

De Grand-Duc Guillaume an de Gérard Schockmel stinn haut am Fokus vun den Zeitungen.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Den OGBL a seng Parteivirléiften, en Tëschefall an engem Stater Bus a Kritik vun IDEA un den Energiemesuren, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Den OGBL a seng Parteiviirléiften, en Tëschefall an engem Stater Bus a Kritik vun IDEA un den Energiemesèren, dat sinn d'Themen an der Presserevue
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 08:15

En neie Spidolsprojet op der Cloche d'or, de Schutz vum historesche Patrimoine an d'DP-Deputéiert Barbara d'Agostino wëllt hiert Liewen änneren.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Eng nei Spidolsantenn op der Kockelscheier, d'Geschicht vum Kindy Fritsch an d'Suerge vun de Mëllechbaueren, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow