Den Album “Un///known” vum Trio E.T.A. befaasst sech mat der Fro: Muss een den Numm hannert engem Wierk kennen, fir et appreciéieren ze kënnen?
De Pianostrio a La Majeur, laang Joren dem Brahms senger Fieder zougeschriwwen, ass wuel a Wierklechkeet guer net vun him komponéiert ginn: De Komponist ass onbekannt – “unknown”.
Dësen Album wot de Spagat tëschent dem Onbekannten an dem Bekannten. Esou interpretéiert de jonken Trio och nach Wierker vum Edvard Grieg a vum César Franck.
Am Mëttelpunkt steet dobäi ëmmer d’Striewen nom E.T.A. Hoffmann senger Fuerderung, “alle nur möglichen Empfindungen und Leidenschaften” duerch d’Konscht ervirzeruffen.