Um Album "alto appassionato" steet en Instrument am Fokus, dat dacks e bëssen am Schiet vu senger klenger Schwëster, der Gei, steet. D'Braatsch huet e laange Wee hanner sech, vum rengen Orchesterinstrument bis zum Solo-Instrument, dat een am Concertssall héiert. Um Paräisser Conservatoire gouf am Joer 1894 déi éischt Braatscheklass ageféiert. Esou ass e Besoin entstane fir Stécker, mat deenen déi technesch a musikalesch Fäegkeete vun de Braatscheschüler:inne getest konnt ginn.
De brittesche Braatschist Timothy Ridout an den amerikanesche Pianist Jonathan Ware presentéieren dräi Concertsstécker vun de Komponiste Léon Honnoré, George Enescu, an Henri Büsser, déi genee fir dësen Zweck an Optrag goufe ginn. Och Arrangementer vu Stécker fir Gesang a Gei sinn um Album ze fannen: sechs Lidder vum Gabriel Fauré an d'Geiesonat vum César Franck.
Esou gëtt aus "alto appassionato" eng klangvoll Zäitkapsel, déi op Paräis ëm d'Joer 1900 entféiert - an dat aus der Siicht vun der Braatsch.