1. Lëtzebuerg mécht sech Suergen dowéinst, v.a. wéinst dem Impakt op d’Grenzregioun. De betraffene Buergermeeschter vu Stengefort wënscht sech an deem Kontext, wéi d’Regierung, Ausnamen.
2. Engem neien, ëmmer nach nëmme provisoresche Bilan no sinn duerch d’Risewell am Himalaya op d’mannst 472 Leit gestuerwen. Op der Plaz gëtt elo eng zweet Well gefaart, well en Damm brieche kéint.
3. D’Auslousung vun der Ligaphas an der europäescher Champions League am Fussball huet e puer Topmatcher erginn, an um Liichtathletik-Meeting zu Zürich sinn zwee nei Weltrekorder opgestallt ginn: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport.