1. D'Prozesser ëm Policegewalt am Ex-Kommissariat Stater Gare an ëm de Mord un engem Stéifpapp zu Esch ginn an d'zweet Instanz. A béiden Affäre gouf Appell gemaach, soudatt et jeeweils en zweete Prozess gëtt.
2. D’USA hunn nei Sanktioune géint den Iran ugekënnegt, an datt Länner, déi dës Sanktiounen net ënnerstëtzen, och géifen isoléiert ginn. Teheran huet sech dovun an enger 1. Reaktioun wéineg beandrockt gewisen.
3. Vill Aarbecht fir näischt: .Esou kann een dem Mats Wenzel säin Dag gëschter am Tour duerch Spuenien am Cyclissem resuméieren. Laang war hie vir an der Etapp, bis him eng 15 Kilometer viru Schluss d’Wieder e Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet.