1. D‘Feier am Héiche Venn an der Belsch huet een „temporairen Impakt“ op d‘Loftqualitéit hei am Land – d‘Warnstuuf fir d‘Konzentratioun u Fäistëbs gouf haut iwwerschratt. Et soll ee weider d‘Fënster an d‘Diiren zouloossen. Déi Responsabel loosse Kritik, datt d‘Warn-Message vun LU-Alert gëschter ze spéit komm wieren, awer net gëllen.
2. De franséische Premier Sebastien Lecornu huet no de grousse Bëschbränn an der Gironde eng Parti Hëllefs-Mesuren ugekënnegt.
3. Ee Wierk vum Stolproduzent ArcelorMittal zu Kryw-wyj Rih an der Ukrain gouf de Weekend vu russesche Rakéite getraff – 2 Persoune sinn gestuerwen, 13 goufe blesséiert.