An de leschte Wochen hat d’Ekipp vum Mudam scho verschidde speziell Aktioune lancéiert: esou huet si ënner dem Motto “Dodeka” zwielef Wierker aus der Mudam-Kollektioun an zwielef Kulturzenteren, Administratiounen an och Kierchen uechtert d'Land transportéiert, fir d’Sammlung méi no bei d’Leit ze bréngen. A firwat? Mee, als Gebuertsdagsgeschenk: gëschter viru ronn 20 Joer, also den 1. Juli 2006, ass de Pei-Musée um Kierchbierg opgaangen. An dat gëtt dës ganz Woch grouss gefeiert. Éier mir mat der aktueller Mudam-Directrice Bettina Steinbrügge schwätzen, geet d’Kerstin Thalau op de Stellewäert vum Musée an, an natierlech och op seng beweegte Geschicht. An dozou gehéiert déi éischt Mudam-Directrice, d’Marie-Claude Beaud.
Am Mudam gëtt eng Woch laang 20. Gebuertsdag gefeiert
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Mudam (Foto: (Foto: Only Fabrizio - stock.adobe.com))
mic_none
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau
Episoden
EU-Noutfall-Zentral koordinéiert Hëllef géint Bëschbränn
Matten am EU-Quartier läit d'Zentral, vun där aus déi europäesch Hëllef gesteiert gëtt. Dozou gehéiert och d'Lëtzebuerger Ënnerstëtzung fir Frankräich.
Déi nei Kannerkëscht-App ass do!
D'Pechschwéngercher, d'Kanner op der Buerg an an Zukunft de Virwëtzclub: all d'Geschichten an Hörspiller fir Kanner ginn et elo gesammelt op enger Plaz, pünktlech fir d'Vakanz.
Liestipp: Michael Köhlmeier – Das Mädchen mit dem Fingerhut
E klenge Roman - ganz grouss
Keng EU-Gelder méi fir d'Konschtbiennale zu Venedeg
D'EU schneit der wichtegster Konschtausstellung op der Welt 2 Milliounen Euro Ënnestetzung of.
Besonnesche Wartesall um Findel
Fir Leit mat Aschränkunge gëtt et elo e besonnesche Wartesall, deen un déi spezifesch Bedierfnesser ugepasst ass.
Kim Kieffer
Wéi huet d’Molerin a Grafikerin hire Wee an d’Welt vun der Konscht wouergeholl?
Srdjana Jovanovic - Überall ohne Ort
E Listipp fir de Summer
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
"Jidderee kann eppes ginn a Wëssen deelen"
De Miseler Kollektiv bréngt Mënsche vu verschiddenen Horizonter zesummen, op eng ongezwongen Aart a Weis. D'Annick Feipel ass Coordinatrice vun deem éischten Tiers-lieu am Osten.
City Open Air Cinema - Knuedler
Vum 23. bis den 28. Juli ginn um Knuedler eng Partie Filmer ënner fräiem Himmel gewisen, organiséiert vun der Stater Cinemathéik.
7.520 Kilometer an 21 Deeg, eleng op zwee Rieder
De Lëtzebuerger Extreemsportler Ralph Diseviscourt ass viru Kuerzem 3. ginn op der Course tëschent dem Nordkap an Tarifa, déi hien ouni Assistenz gefuer ass.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Anna Valentiny, Edith Burggraff - De klenge Kannibal
E Kannerbuch - och fir déi Grouss
Gemenge géint Schottergäert
Ëmmer méi Gemenge setze Subsiden oder aner Demarchen en Place fir Schottergäert duerch richteg Gäert ze ersetzen.
Fiasko Fest - Oke
Ukommen trotz Rassismus: Et dauert net laang, wann een e Gespréich mam Museker Oke féiert, bis datt d’Theema Identitéit opkënnt. Identitéit an all senge Facetten.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
42 km biergop a biergof
D'Lëtzebuergerin Michèle Hilger huet virun 10 Deeg de Marathon du Mont-Blanc an hirer Alterskategorie gewonn. Et wär keen Exploit, éischter eng Aventure, seet si.
Eng nei KI-Sichfunktioun op Guichet.lu
Déi richteg Demarchen op Guichet.lu ze fannen ass net ëmmer esou evident. Mat engem Chatbot soll dat awer elo méi einfach ginn.
Den Nationalarchiv plënnert
Wie scho mol geplënnert ass weess, wat fir en Opwand esou eng Plënner ass. Mee stellt Iech mol vir, Dir musst dat ganzt Nationalarchiv plënneren, mat iwwer 50 km Dokumenter!