Episoden
"Fräiheets- a Friddenslidder" vum Guy Schons
De Guy Schons presentéiert seng nei CD.
EKABE: 50 betraffe Bauere liwweren an Zukunft un d'Luxlait
Mir hunn de President vun hirer Prolek-Genossenschaft, de Vic Wirtz, gefrot, ob dat wierklech eng dauerhaft Solutioun ass.
Editioun 08:15
Liewen an engem Tiny House, wéi een e Student bei sech kann ophuelen an Dauerproblem Stäreplaz: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
Krich am Jemen: CARE Lëtzebuerg hëlleft op der Plaz
D'Julie Piccini vun der Hëllefsorganisatioun erkläert, wéi am Jemen ka gehollef ginn.
Michel Reckinger, UEL-President
Haut ass dem Michel Reckinger säi leschten Dag als President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen: Zäit fir e Bilan.
Batty-Weber-Präiss: Firwat kritt de Guy Helminger d'Auszeechnung?
Mir froen de Literaturprofesser Christof Hamann, dee gëschter owend d'Laudatio fir de Guy Helminger gehalen huet.
Editioun 07:15
Schwiereg Situatioun an de Prisongen, Never ending Story Stäreplaz an Erniichterung fir d'Roud Léiwen: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
Nations League: Sinn d'Rout Léiwe géint Island an der Favoritteroll?
Mir blécke mat eisem Fussball-Expert Roland Schaack op de Match vun haut den Owend.
Buerféiss duerch d'Land
De Frank Jester, bekannt als "Barfußarzt", ass iwwer de Weekend vum nërdlechste Punkt vu Lëtzebuerg op dee südlechste gaang. Ouni Schong an ouni Geld.
E Réckbléck op d'Visitt vum Poopst Leo zu Metz
Theeme Fridden, Europa an d‘Spiritualitéit hu gëschter déi lescht Etapp vum Poopst Leo zu Metz markéiert.
Editioun 08:15
D'Chambre de commerce fuerdert urgent Reformen, Muselgemenge fuerderen en Tram an den Osten an et soll eng nei Etude iwwert d'Iessgewunnechte vun de Lëtzebuerger gemaach ginn
KI an der Literatur: D'Lëtzebuerger Editeuren hunn nach keng Richtlinnen
A Frankräich gouf e Roman aus der Auswiel fir de Prix Goncourt geholl, well de Verdacht besteet e wier mat KI geschriwwen. Wéi ginn d'Lëtzebuerger Editeure mat esou Fäll ëm?
Georges Wagner, Direkter vun der Associatioun vun der Assurance accident
D'AAA ass zoustänneg fir d'Preventioun an Entschiedegung bei Accidenter um Wee bei an op der Aarbecht souwéi bei Beruffskrankheeten. Zejoert gouf se iwwer 15.000 Mol sollicitéiert.
Filmtipp: "Garance"
De sobere franséischen Drama zeechent de Portrait vun enger alkoholsüchteger Actrice - dem Michel Delage säi Kinostip!
Editioun 07:15
Et gëtt Kritik um Poopst Leo senger Ried zu Metz: et wier einfach Europa ze kritiséieren, net genuch fir de Fridden ze maache wann ee selwer keng politesch Verantwortung hätt
Schach: eng mental a kierperlech Erausfuerderung
Déi lescht Deeg gouf am Usbekistan déi 46. Schacholympiad gespillt. Mat derbäi war och d'Lëtzebuerger Nationalekipp, déi um Enn am Mëttelfeld ofgeschloss huet
D'Pilze loosse wéinst der Dréchent op sech waarden
Wéi eng Konsequenzen huet dat fir de Bësch a wéi eng Pilze profitéieren eventuell esouguer vum waarme Wieder? Dat froe mir den Expert Fernand Schiltz