Episoden
Ëmweltproblem Autospneuen
Dee bei Wäitem gréissten Deel vu Mikroplastik, deen an d'Natur geréit, ass op d'Ofnotzung vun Autospneuen zeréckzeféieren. De Camille Müller vun oekotopten.lu erkläert.
Der LASEP feelt et u Personal fir Schüler:inne beim Sport ze betreien
Mir froen d'LASEP-Presidentin Nicole Kuhn-Di Centa, wat een dogéint kann ënnerhuelen.
EU-Kontroll vu Finanzmäert: Lëtzebuerg seet weider Nee
Zentral EU-Kontrollagence fir Finanzmäert: Lëtzebuerg ass weider dergéint, gëtt awer net vu ville Länner ënnerstëtzt.
Editioun 08:15
Pëtrolspräisser, déi duerch de Plaffong ginn an Ofdanken an der Flüchtlingspolitik, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Hausse vun den Energiekäschten: déi gréng verlaange séier Reaktioun
An engem oppene Bréif fuerderen déi gréng d'Regierung op, séier ze handelen a fossil Ofhängegkeeten ze reduzéieren. D'Deputéiert Sam Tanson huet de Bréif mat ënnerschriwwen.
Lex Delles
Wéinst de Krich am Noen Osten erlieft Europa grad deen zweeten Energiepräis-Schock bannent véier Joer. Mir froen de Wirtschafts- an Energieminister, wéi d'Regierung reagéiert.
Anti-Mogelpackungsgesetz an Éisträich
Verstoppte Präiserhéijungen am Supermarché solle gekennzeechent ginn.
Editioun 07:15
En Diddelenger Tyrann, eng iwwerflësseg Mauer zu Steebrécken an de Pëtrolspräis, deen duerch de Plaffong geet, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Schwäizer bezuele gär fir d'SRG
An engem Referendum hu sech bal 62 % dergéint ausgeschwat, manner fir ëffentlech-rechtleche Rundfunk ze bezuelen. D'Reaktioun vun der Larissa Bieler aus der SRG-Direktioun.
Wéi geféierlech si Meteoritten?
Virgëschter Owend ass zu Koblenz e Meteorit op den Daach vun engem Haus gefall. Mir froen den Eric Buttini vum Naturmusée, wéi dacks esou eppes geschitt, a wéi geféierlech et ass.
Groussginn tëschent der digitaler an der offline-Welt
Wéi erliewen déi Jugendlech dës Realitéit, an där si opwuessen a mat wéi engen Ängschten an Erausfuerderungen hu si ze kämpfen? Deene Froe geet de Jugendbericht no.
Editioun 8h15
D'Opreegung zu Mäertert, well eng ueleghalteg Flëssegkeet an d'Musel gelaf ass an nei schaarf Kritik un den Adapto-Chauffere sinn Theemen an der Presserevue.
5. Rapatriement-Aktioun
Eng 30 Persoune konnte gëschter vun Dubai aus op Lëtzebuerg bruecht ginn. Et war déi 5. Rapatriement-Aktioun zënter dem Krich am Noen Osten.
Luc Heuschling
Den Droitsproffesser fuerdert, datt d'Léierpersonal besser an d'Decisiounsprozedure vun der Uni Lëtzebuerg agebonne gëtt. Mir froen hien, firwat dat esou wichteg ass.
Gutt Noriicht fir d'Gebléishal um Belval
D'ONG Europa Nostra huet d'Gebléishal op d'Lëscht vun de 7 Most Endangered Heritage Sites in Europe gesat. Firwat ass dat eng gutt Noriicht?
Editioun 7h15
De Krich am Iran dominéiert d'Aktualitéit an den Zeitungen an d'Editorialiste maache sech Suergen, datt d'Energiepräisser nees klammen an de Krich sech weider ausbreet.
Krich am Iran: tëschent Suergen an Hoffnung
Israel an d’USA bombardéieren den Iran. Am Fräie Mikro vun Haut erkläert de Bob Reuter vun AHA Lëtzebuerg, firwat hien als Humanist dës Gewalt evidenterweis net guttheesche kann.
Wéi sinn d'Rapatriements-Volle vun der Luxair ofgelaf?
De Luxair-Generaldirekter Gilles Feith beschreift d'Ëmstänn ënner deene seng Airline Touristen aus der Kriseregioun zeréck op Lëtzebuerg bruecht huet.